Den neie Marsch steet fest!

De Gewënner ass de Georges Sadeler

Am CELO zu Hesper gouf haut den Owend an der Finall een neie Marsch fir den zukünftege Grand-Duc Guillaume gesicht. De Choix ass op de Georges Sadeler gefall!

auto_stories

2 min

© Quell: Frënn vun der Militärmusek ©Section Audiovisuelle de l'Armée
(Foto: Quell: Frënn vun der Militärmusek ©Section Audiovisuelle de l'Armée)

"Marche Grand-Duc Guillaume" - sou sollt den neie Marsch heeschen an de Choix ass op d'Kompositioun vum Georges Sadeler gefall.

Am Hibléck op den Trounwiessel am Oktober hunn d’Frënn vun der Militärmusek mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère e Kompositiounsconcours fir en neie Marsch zu Éiere vum zukünftege Groussherzog Guillaume organiséiert.

Eragereecht goufen insgesamt 11 Kompositiounen, vun deenen sech der 7 fir déi grouss Finall haut den Owend zu Hesper am CELO qualifizéiert haten.

Duerch e Vott, gouf elo aus de 7 Kompositiounen déi beschte Kompositioun erausgesicht. D'Stëmme koumen zu 50% vun engem Jury, déi aner Hallschent koum vum Publikum, deen den Owend vum Concert iwwer e Bulletin mat wiele konnt.

Georges Sadeler

Hautzedaags ass de Georges Sadeler als Saxofonist a Komponist täteg. Schonn am jonken Alter vun nëmmen 18 Joer gouf hie feste Member vun der Militärmusek, an dat obwuel hien als Kand net wierklech iwwer esou ee Liewenswee nogeduecht huet. Hie war deemools nämlech net an der “Bubble” vun der Musekszeen.

Mëttlerweil ass dat anescht: De Georges Sadeler huet e Kontrakt als Komponist mat engem éisträichesche Verlag an huet elo och säin Debutalbum erausbruecht, op deem Kompositioune vun deene leschten 3 Joer drop sinn.

Wat sinn dem Georges Sadeler seng éischt Erënnerungen un de Stater Conservatoire? Wéini koum d'Entscheedung, professionelle Museker wëllen ze ginn? Wéi huet hien d'Kompositioun fir sech entdeckt? Wat ass fir hie säi gréissten Erfolleg? A virun allem: Wéi fënnt hien ëmmer nees Inspiratioun, fir nei Musek ze schreiwen? 

Léiert de Georges Sadeler am éischten Episod vum neien opus-Podcast Klassik Talk kennen.